Saturday, February 5, 2022

Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste ......

 











Een Copy & Paste mat Genehmigung vunn peckvillchen.blogspot.com


Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste, Xavier Bettel Copy & Paste ......

 Nanzeg schléisst sech dem Péckvillchen sengen Conclusiounen un


COPY & PASTE with permission from peckvillchen.blogspot.com


Dëser Deeg huet den Obama dem Péckvillchen gesot,

Hien hätt den Biden iwwert déi Affaire mam Xav gefrot,

Mee den Joe huet dat warscheinlech ënnerwee vergiess,

Duerfir huet den Barack et alt am Péckvillchen gelies.

 

“ Mä Barack, den Xav huet seng Thes méi séier geschriwwen,

Wéi mär se liesen kënnen, do ass näischt iwwerdriwwen.

Et wär nëmmen Copy & Paste gewiescht soen d’  Leit.”

Et wär nëmmen Copy & Paste gewiescht soen d’  Leit.

 

De Péckvillchen als investigativen Journalist,

Weess jo dat een alles hannerfroen misst.

“Här Premier, Här Staatsminister, Här President,

Wéi kennt et dat elo jiddereen Iech Fuddeler vernennt?”

 

“O Péckvillchen, Dir sidd eis wichtegst Publikatioun,

Ech ginn Iech gären meng ganz transparent Versioun,

Et ass alles Fake News an Desinformatioun,

Ech erliewen dat mat schrecklech viller Emotioun!”

 

“Déi Geschicht ass elo méi wéi zwanzeg Joer hier,

D’ Zäiten hunn geännert, wou ass hannen wou ass vir?

Et fänkt un mat dem Joer 2000, dat stoung virun der Dir,

Eng ugesoten IT Katastroph fir eisen Centre Financier.”

 

“Ech goung direkt an d’ Politik fir d’ Welt ze retten,

Well den Juncker war ënner allen Klarinetten,

An den Cricri, mäin Prof sot Ech soll dat maachen,

Keen Hunn géing kréinen iwwer vollendet Tatsaachen.”

 

“Elo ginn et der awer déi mengen Ech géing mengen,

Et wär ee groussen Problem, mee nëmmen am Klengen.

Copy & Paste ass keen Problem well Ech d’ Erlabnis hat,

Ech hat mat all Auteur iwwer déi Saach geschwat.”

 

“Een Auteur sot, ernimm mech nitt, et bleift ënnert eis,

Ech well mech nitt bretzen, dat ass keng Art an Weis.

Den Cricri sot, dat inspiréiert d’ Leit eegen Recherchen ze man,

Pour avancer le schmilblick, do mécht een wat een kann.”

 

“Um leschten Stëppel ass meng wäitleefeg Famill agesprong,

Den Rachmaninov op der Schreifmaschinn, deen op seng Fassong,

Un mengem Memoire geklimpert huet fir fäerdeg ze ginn.

Hien sot t’ wär eng Inachevée, dat een jo spéider kann gesinn.”


“ Komm mär stellen eis emol een Moment ganz domm,

Hätt Ech deemools keen Risk geholl, léich d’ Heck haut an der Kromm.

Dann hätten mer den Juncker haut och nach,

An d’ CSV wär elo iwwer honnert Joer um Trach!”

 

“D’ Lëtzebuerger missten an d’ Ausland wunnen goen,

Zu Diddenuewen géing eng vun eis bezuelten Krëppchen stoen,

Den Fränz wär jo senger Liewen nitt Vize-Premier ginn.

A wou wieren d’ Milliounen déi fir Vanuatu am Budget stinn?”

 

“Den Grand-Duc wär nitt mat der fréierer Grande-Duchesse bestuet,

An dann d’ Kierch, déi wär ëmmer nach am Duerf.

T’ gëtt och an Zukunft keng Koalitioun ouni den Xav,

An deem Sënn sinn déi nächst Walen schonn gelaf.”

 

“O Excellenz, Här Präsident, flash vum Milliounen Sender RTL,

D’ Enquête vum Kapitän Copytani ass pünktlech wéi d’ CFL.

Sie soten hien hätt gesot dat vill Leit soten t’ wär alles an der Rei,

An Nancy zwee wär ersat mat enger Uni déi ass fonkelnei.”

 

“Den Cricri ass zwar nach ëmmer do. War deen Proff mëttelméisseg?

Momentan schéngt hien e bësschen verdrësslech.

An iergendwéi deet hien dem Péckvillchen Leed,

Hien sot: “Maître Péckvillchen hëllef Du sich bei der Enquête?”

 

“Cricri” sot den Péckvillchen, “deen hei weess jo vill ze vill”

“Komm, mär zéien eis deen Rachmaninoff iwwert den Grill.”

“Deen huet an der Hetz op amerikanesche Pabeier gedréckt,

An doduerch ass dunn den ganzen Memoire verongléckt.”

 

“Den DIN A 4 Pabeier ass bal zwéin Zentimeter méi laang,

Doduerch huet all Note bas-de-page an der Loft gehaang.

Sie waren do, et war just keng Plaz fir se ze drécken.

Den Rachmaninoff kann dat jo awer einfach flécken!”

 

“Cher ami”, sot den Cricri, “déi Péckvillchen war wunderbar”,

“Mir sinn fir Wuerecht an Recht sot den Péckvillchen am Saumur um Bar,

Eng lescht Saach nach Här Präsident, wär et iwwerhieflech,

Dem Péckvillchen seng Presshëllef hätt een kennen besser maachen. (1)

 

 

 

          (1)  Note bas de page: dat reimt jo guer nitt. Mee et ass en Zitat vum Xav.

 

P.S. Allen treien Lieser vum Péckvillchen ass et erlaabt dat heiten originellt Wierk ze kopéieren an ze “pasten” wou se wëllen. Dir musst just dës Kéier Är Quell uginn: peckvillchen.blogspot.com

 

TRIVIA: Wéi fënnt een Copy & Paste: Hei een Beispill vun engem einfachen Trick (deen engem verzeit gëtt), fir eraus ze fannen ob een Text een Plagiat ass: kopéiert den ganzen Text hei hannendrun iwwert den Schiller, an “paste” dann den ganzen Text an “Google Search”. Wann deen Text iergendwou schonn vun engem publizéiert gouf, weist Google wou dat ass.

 

Dans la pièce de Schiller, Wilhelm Tell, c'est le premier verset du fameux serment du Rütli qui aurait scellé la naissance de la Confédération Helvétique le 1er août 1291. Il s'agit en fait de la première "Constituante" en Europe où le peuple Suisse s'émancipe et se défait de la tutelle féodale.


No comments:

Post a Comment